An de siwe Länner mat de gréisste jiddesche Communautéiten ausserhalb vun Israel, dorënner d'USA, Frankräich, Groussbritannien an Däitschland, goufen iwwer 23.000 antisemittesch Tëschefäll registréiert. Dat sinn 136 Prozent méi wéi nach 2022.
Gläichzäiteg wier d'Zuel vun de gewalttätegen Tëschefäll bal verduebelt ginn. Insgesamt sinn 2025 bei antisemitteschen Attentater 20 Mënschen ëm d'Liewe komm. D'Organisatioun fuerdert dofir méi Sécherheetsmesuren, méi streng Gesetzer an e méi konsequent Virgoe vu sozialen Netzwierker géint antisemittesche Contenuen.