Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Joaquin Rodrigo - Concierto de Aranjuez, I. Allegro con spirito - Junhong Kuang (Gittar), Czech Chamber Philharmonic Orchestra Pardubice, Darrell Ang (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Xavier Bettel um Forum Mediterranée

Barcelona

Xavier Bettel um Forum Mediterranée

Den Ausseminister Xavier Bettel war gëscht a virgëscht um regionale Forum vun der Unioun fir d‘Mediterranée zu Barcelona. Déi 43 Member-Länner vun där Unioun hunn do iwwer de Krich am Noen Osten a méiglech Léisunge fir Fridden diskutéiert.

auto_stories

1 min

Si hu sech ënner anerem fir eng Verlängerung vun der humanitärer Waffepaus an d‘Fräiloossung vun alle Geiselen an der Gazasträif ausgeschwat, a laangfristeg och fir eng zwee-Staate Léisung, sou e Communiqué vum Lëtzebuerger Ausseministère.