Epstein-Affär

Wourëms geet an der Epstein-Affär?

Ëmmer nees berichten d'Medien, och mir, vun der Epstein-Affär. Mee wat ass genee geschitt? D'Informatiounen iwwer de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein, déi sougenannten Epstein-Files an eventuell Konsequenzen, déi doraus ervirgoungen, ginn hei erkläert.

auto_stories

7 min

© picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa)

Den Jeffrey Epstein war zënter den 80er Joren een aflossräiche Geschäftsmann. Mat sengem Verméigen huet hie sech ënner anerem eng Villa a Florida kaaft, eng Ranch am US-Bundesstaat New Mexico, dat warscheinlech gréisst Privathaus vun New York a seng Privatinsel Little St. James.

Hie war vill an héije gesellschaftleche Kreesser ënnerwee an hat Relatiounen zu Prominenten a Politiker. Déi hat hien och reegelméisseg mat Privatjet op seng Wunnsëtzer a seng Insel invitéiert. Am Joer 2005 hunn Eltere vun engem deemools 14-järege Meedchen der Police a Florida gemellt, den Jeffrey Epstein hätt hir Duechter a sengem Doheem belästegt.

18 Méint Prisong amplaz liewenslänglech

Zu Palm Beach am Haus vum Geschäftsmann goufen doropshi Fotoe vu mannerjärege Meedercher fonnt. Wéinst engem Jugement sur Accord am Joer 2008 krut den Jeffrey Epstein amplaz Liewenslänglech, just 18 Méint Prisong, an duerft sechs Deeg d'Woch fir 12 Stonnen den Dag schaffe goen.

Zënterhier war hien op enger Lëscht vu Sexualstroftäter. Et gouf een héije Risk ageschat, datt hien op en Neits Sexualstrofdote begoe wäert, wat sech och confirméiert huet.

Plainte géint den FBI 

2019 gouf hie festgeholl, well hien ee grousst Netzwierk bedriwwen huet, an deem Kanner, virun allem Meedercher, zur Prostitutioun gezwonge goufen. Nach éier et zum Prozess komm ass, huet hie sech am August 2019 a senger Prisongszell ëmbruecht. Ëmmer nees ginn et Rumeuren, datt hien ëmbruecht gi wier. 

2024 haten 12 Fraen eng Plainte géint den FBI gemaach. Déi presuméiert Affer haten dem FBI Noléissegkeet bei der Enquête virgehäit. Dowéinst hätt de Sexualstroftäter iwwer 20 Joer laang, iwwer seng Privatinsel Little St. James, säi Mëssbrauchsnetzwierk kënne féieren. Schonn 1996 hätt et Indikatioune ginn, déi den FBI awer ignoréiert hätt.

Donald Trump blockéiert d'Publikatoun vun de Files 

An den zwou Enquêtë goufen enorm vill Dokumenter zesummegedroen, dorënner Interviewtranskripter mat Affer, Zeienaussoen, a Géigestänn, déi confisquéiert goufen. Awer och eng grouss Unzuel u Biller a Videoe vun Affer vu Kannermëssbrauch.

Am Kader vum Epstein Files Transparency Act, deen 2025 ugeholl gouf, sollte bis Mëtt Dezember 2025 alleguer déi Dokumenter vun der US-Justiz publizéiert ginn. Dat, no vill hin an hier, well den Donald Trump hir Publikatioun laang blockéiert hat, obwuel et ee Walversprieche vun him war. Hie war dowéinst och aus den eegene MAGA-Reie staark a Kritik geroden.

Am Kader vum Epstein Files Transparency Act sollten alleguer d'Dokumenter vun der US-Justiz bis den 19. Dezember 2025 publizéiert ginn. D'Identitéit vun den Affer sollte geschwäerzt bleiwen. Iwwerdeems sollten och d'Ermëttlungsakte vum Jeffrey Epstein senger Partnerin Ghislaine Maxwell verëffentlecht ginn.

© picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey)

Demokrate schwätze vu Gesetzesbroch

Si selwer gouf 2022 zu 20 Joer Prisong verurteelt, well si eng zentral Roll gespillt huet beim Organiséiere vum sexuelle Mëssbrauch vu Meedercher a Fraen. Den 19. Dezember sinn dann, anescht wéi versprach, net alleguer d'Dokumenter fräigiginn.

Et wieren ze vill Dokumenter an op all eenzel Säit misst iwwerpréift ginn, datt d'Identitéit vun den Affer geschützt sinn, hat et vun der US-Justiz geheescht. Honnertdausenden Dokumenter goufen deen Dag publizéiert, allerdéngs staark geschwäerzt.

D'Demokraten hate vun engem Gesetzesbroch a vu Vertuschung geschwat, mat där dem Donald Trump seng Vergaangenheet soll geschützt ginn.

3 Millioune Säite mat erkannbarer Identitéit vun den Affer

Epuer Deeg drop goufe weider Dokumenter kuerzzäiteg vum Justizministère fräiginn, fir erofzelueden. Dobäi waren eng Rei Linken awer och eidel. Ënner deenen Dokumenter ware Regierungsdokumenter, E-Mailen a Videoe vu Prisongsautoritéite gewiescht.

An och Detailer iwwer Flich vum Donald Trump mam Epstein sengem Privatfliger. Dee gréisste Pak Dokumenter gouf Enn Januar 2026 publizéiert: dräi Millioune Säiten un Dokumenter, 180.000 Fotoen an 2.000 Videoen. Och hei goufen epuer Deeg drop nees Dausende vun Dokumenter zeréckgezunn

Dat, well fälschlecherweis Affer an den Dokumenter identifizéiert konnte ginn. Hir Email-Adressen an och Fotoen, wou ee si plakeg gesinn huet, mat hiren Nimm, déi erkannbar waren. 

© picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier)

Ënner anerem Trump, Andrew, Clinton: Vill Nimm an de Files 

Eng Rei Nimm aus héije Gesellschaftskreesser an der Politik aus den USA kommen an dësen Dokumenter vir. Dorënner och den US-President Donald Trump an de fréieren Demokratesche President Bill Clinton a seng Fra a fréier US-Ausseministesch Hillary Clinton, awer och Nimm ewéi Elon Musk a Bill Gates.

Dacks bestreiden déi Concernéiert, vun de Strofdote gewosst ze hunn, oder soen, si géifen hir Relatiounen zum Epstein bereien.

Dem US-President Donald Trump säin Numm daucht Dausende Mol an den Epstein Files op. Si si gemeinsam op Fotoen ze gesinn a säin Numm daucht an E-Mailen a Bréiwer, an a Transkripter vun Interviewe mat Zeien op. Als Geschäftsmänner ware si an den 90er an 2000er Joren enk befrënnt. Den Donald Trump bestreit, vun de Strofdote gewosst ze hunn.

Och de fréieren Demokrateschen US-President Bill Clinton huet den Epstein kannt. Hien huet, als éischte President zënter 10 Joer, Enn Februar virum US-amerikanesche Parlament ënner Eed ausgesot.

© Picture Alliance/Ralph Alswang/The White House / Avalon
(Foto: Picture Alliance/Ralph Alswang/The White House / Avalon)

Verbindungen zu Europäer 

An dësen Dokumenter sinn och eng Rei Nimm aus der europäescher a brittescher Politik a Gesellschaft ze fannen. Ënner anerem de fréiere Prënz Andrew.

Dee krut 2025 säi Prënzentitel oferkannt a gouf am Februar 2026 kuerzzäiteg festgeholl am Kontext vum Mëssbrauchsskandal vum Jeffrey Epstein.

Och de fréiere brittesche Wirtschaftsminister an Diplomat Peter Mandelson gouf am Kader vun där Enquête festgeholl, wat och de brittesche Premier Keir Starmer ënner Drock gesat huet.

A Frankräich gouf eng Spezialunitéit etabléiert, fir méiglech Lienen zum Jeffrey Epstein ze iwwerpréiwen. Ënner anerem géint de fréiere Kulturminister a Frankräich, Jack Lang, soll enquêtéiert ginn.

D'EU-Deputéiert hunn och gefuerdert, datt Europol soll aktiv ginn, well eng Rei Politiker an Diplomate Verbindunge mam Jeffrey Epstein sengem Reseau haten.