Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Éisträichecht Juegtverbuet géint Wollef dierf net opgehuewe ginn

Europäesche Geriichtshaff

Éisträichecht Juegtverbuet géint Wollef dierf net opgehuewe ginn

D'Juegdverbuet op de Wollef an Éisträich ass rechtsgülteg. Zu deem Urteel koumen um Donneschdemoien d‘Riichter:innen um Europäesche Geriichtshaff. De Wollef gëllt am Land als streng geschützt an dierf net bejot ginn.

auto_stories

1 min

Eng Rëtsch Déieren- an Ëmweltschutzorganisatiounen hate virum Tiroler Verwaltungsgeriicht géint eng Decisioun vun der Landesregierung geklot. Déi hat nämlech eng temporär Autorisatioun ginn, fir e Wollef dout ze maachen, dee virdrun eng 20 Schof gerass hat. 

Dat éisträichescht Geriicht hat de Fall weider un d‘Europäesch Geriichtsinstanz ginn. Déi koum zur Conclusioun, datt d‘Juegdverbuet nëmmen opgehuewe kéint ginn, wann d‘Wollefspopulatioun an Éisträich an engem gudden a stabillen Zoustand wier, dat wier hei awer net de Fall.