Den 30. Abrëll spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing an dat ënner dem Titel “What a Wonderful World”. Den Titel huet awer näischt mam Lidd ze dinn, dat 1967 vum Louis Armstrong interpretéiert gouf. Vu wéi enger net esou wonnerbarer Welt do rieds geet a wéi eng Roll d’Musek spillt, fir Léisungen ze fannen: dat an nach vill méi verréit den Dirigent am Gespréich mam Marie Trussart. Awer och, wéi hien d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an deene leschten 30 Joer matkritt huet.