Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Sebastian Bach - Orchestersuite Nr.2 a Si bémol Mineur, BWV 1067, Badinerie - Mary Elizabeth Bowden (Trompett)

play_arrow Live
opus

/ Weider russesch Attacken op ukrainesch Stied

Krich an der Ukrain

Weider russesch Attacken op ukrainesch Stied

An der Ukrain geet déi russesch Offensiv ronderëm Charkiw, am Oste vum Land, weider. Déi nei Front wier scho 70 Kilometer breet, heescht et. Russland hat d‘Milliounestad selwer gëschter bombardéiert, dobäi wieren op d‘mannst 3 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Attacke gouf et och op déi südukrainesch Hafestad Odessa, hei gouf et een Doudegen.

auto_stories

1 min

Damp no enger Attack op séi ukrainesch Stad Charkiw 17.05 | © picture alliance / Photoshot | -
Damp no enger Attack op déi ukrainesch Stad Charkiw de 17. Mee (Foto: picture alliance / Photoshot)

De President Wolodymyr Selenskyj huet hënt iwwerdeems d‘Bierger opgeruff, Energie ze spueren. Russesch Attacken hätte méi wéi 40 Prozent vun de Capacitéite fir Stroum ze produzéieren ausgeschalt, heescht et vu Kiew.

An der russescher Grenzregioun Belgorod gouf et de Samschdeg Moie fréi no engem Rakéitenalarm eng Explosioun. Dat mellt déi staatlech russesch Noriichtenagence Tass. De Gouverneur vun der Regioun hat d‘Awunner iwwert säin Telegram-Kanal dozou opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen. Iwwerdeems koum et hënt och zu enger Explosioun an enger Militärakademie zu Sankt Petersburg, do wiere 7 Zaldote blesséiert ginn.