Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Wéi wann ee géif mam Lionel Messi trainéieren

Klassik aktuell

Wéi wann ee géif mam Lionel Messi trainéieren

De Klarinettist Arthur Stockel trëtt zesumme mam Amateur-Orchester vun der Philharmonie op.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Benjamin Schäfer

Et ass en ambitionéiere Programm, deen sech den Dirigent Benjamin Schäfer fir de Summer-Concert vum Orchestre Place de l'Europe erausgesicht huet. Um Programm sti fënnef verschidde Komponisten, déi all an engem anere Stil geschriwwen hunn. Et geet vum Ludwig van Beethoven, iwwer den Tan Dun, de Claud Debussy an den Artie Shaw bis bei den Ottorino Respighi. 

Wéi meeschtert een esou e Programm mat engem Amateur-Orchester? Eent vun de Geheimnisser läit am Choix vum Solist, wéi de Benjamin Schäfer am Interview verréit.

Lauschterenplay_arrow