Radioen

On air

De barocke Moien  |  Henri Vieuxtemps - Six Morceaux de salon, Op. 22, V. Tarentelle - Philippe Koch (Gei), Luc Devos (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Wéi eng Konsequenzen huet d'Annonce vum Verfassungsschutz fir d'AfD?

Geséchert rietsextreem

Wéi eng Konsequenzen huet d'Annonce vum Verfassungsschutz fir d'AfD?

Déi Astufung als rietsextreem Partei kéint eng ganz Rëtsch u Konsequenzen hu fir d'AfD. Eng Verbuetsprozedur kéint jorelaang daueren, mee elo scho misst ee verschidde prinzipiell Froe klären, huet d'Spriecherin vun der Innenminister:innenkonferenz preziséiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Den 39. däitschen evangelescheKierchendag  zu Hannover (03-05-25) bei deem eng Resolutioun fir en AfD-Verbuetaccordéiert gouf. | © picture alliance / epd-bild | Paul-Philipp Braun play_arrow
Den 39. däitschen evangelescheKierchendag  zu Hannover (03-05-25) bei deem eng Resolutioun fir en AfD-Verbuetaccordéiert gouf. (Foto: picture alliance / epd-bild | Paul-Philipp Braun)

An Däitschland debattéieren elo d'Bundesländer iwwer d'Annonce vum Bundesamt fir Verfassungsschutz fir d'AfD-Partei als geséchert rietsextremistesch ze bezeechnen. Mëtt Juni soll dat op der Innenminister:innenkonferenz zu Bremerhaven thematiséiert ginn.

Entloossungen an e Finanzéierungsstopp?

Konsequenze fir d'AfD-Partei kéinten et der dräi ginn. D'Inneminister:inne vun de Bundesländer sollen am Juni eng éischte Kéier doriwwer diskutéieren, wéi eng Konsequenzen dat kéint hunn op den ëffentlechen Déngscht.

Staatsbeamtinnen a Staatsbeamte missten d'Gesellschaft an déi grondleeënd demokratesch Fräiheete schützen. Am Eenzelfall misst dat zu enger Entloossung vun AfD-Membere kënne féieren, sot de Roderich Kiesewetter, een CDU-Sécherheetspolitiker.

Fir de bayreschen CSU-Inneminister Joachim Herrmann misst een och iwwerpréiwen, ob d'AfD als erwise rietsextreem Partei net och misst vun der staatlecher Parteiefinanzéierung ausgeschloss ginn.

Den CDU-Chef aus Niedersachsen, de Sebastian Lechner, hält dat fir noutwendeg, hie kéint dat net erdroen, wann eng rietsextreem a verfassungsfeindlech Propaganda duerch ëffentlech Gelder finanzéiert gëtt.

Gedeelte Meenungen zu engem Parteiverbuet

Ëmstridde bleift ënner den Inneminister:innen aus de Bundesländer d'Fro vum Parteiverbuet, eng Prozedur déi vum Bundestag, dem Bundesrat oder der Bundesregierung kéint an d'Weeër geleet ginn.

Och d'SPD-Politiker:inne si sech ënnereneen net doriwwer eens. De Georg Maier aus Thüringen sot der Bild géintiwwer, datt esou eng Prozedur als nächst misst ënnerholl ginn.

Den SPD-Parteikolleeg aus Hamburg, den Andy Grote, warnt dogéint virun engem séieren Handelen, et misst ee fir d'éischt iwwerpréiwe loossen, ob esou eng Prozedur fir d'AfD ze verbidde juristesch méiglech wier.

Lauschterenplay_arrow