Mindestloun

Wéi d'Gewerkschafte fuerderen déi Lénk eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 300 Euro

Déi Lénk fuerderen, grad wéi d’Gewerkschaften, eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun ëm 300 Euro. Dat soten den Deputéierte Marc Baum an d’Parteispriecherin Carole Thoma virun der Press. E

auto_stories

1 min

© Luca Di Santolo
(Foto: Luca Di Santolo)

Et wier souwuel eng moralesch wéi och eng ekonomesch Responsabilitéit vun der Regierung, fir ze garantéieren, datt ee mam Mindestloun als Revenu net ënnert d’Aarmutsgrenz fält. Der Regierung geheien déi Lénk  Klientelismus fir d’Patronat vir, an den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz wier den neie Georges Mischo.

Grad Secteure wéi den HORECA, de Bau an eenzel Beräicher an der Santé, wou vill Leit de Mindestloun verdéngen, misste weiderhin attraktiv bleiwen, och fir Frontalieren.  Soss géif déi sozial Kris am Land riskéieren sech ze verschlëmmeren.

Nopeschlänner wiere méi wäit

Der Parteispriecherin Carole Thoma no, géif een iwwerdeems mat klore Moossnamen hannendrun hänken, wat de Mindestloun ugeet.

"Eis Nopeschlänner, déi si méi wäit an där Iwwerleeung, déi erhéijen nämlech hire Mindestloun, soudass mer elo schonn, bei Wäitem, net méi déi éischt sinn am direkte Vergläich, mee Kafkraaft berengegt, nëmmen nach op der fënnefter Plaz, hanner Däitschland an der Belsch a just kuerz viru Frankräich."

D'Frontalieren kéinten iwwerdeems iwwerhaapt net vun de Sozialhëllefe profitéieren, vun deenen d'CSV-DP-Regierung schwätze géif. Dëst wier e weidere Grond fir Frontalieren, net méi op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, esou d'Parteispriecherin vun déi Lénk.