Südamerika

Wéi Lëtzebuerger nom Äerdbiewen am Venezuela gehollef hunn

Ronn ee Mount nom schwéieren Äerdbiewen a Venezuela bei dem méi wéi 5.000 Leit ëm d’Liewe komm sinn, ass an den temporäre Campen an deenen d’Leit ënnerkomm sinn nees e Kommunikatiounsreseau hiergestallt. Mat dobäi war och de Lëtzebuerger Max Steffen.

auto_stories

1 min

Philippe Hein (l.) a Max Steffen (r.) | © emergency.lu
Philippe Hein (l.) a Max Steffen (r.) (Foto: emergency.lu)

Hien huet fir d’Plattform emergency.lu beim Opbau vum Réseau a verschidde Campe gehollef an am 100,7 Interview erkläert, wéi dat alles ofgelaf ass.

D'Plattform emergency.lu, déi Deel vum Kooperatiounsministère ass, hätt d’Gestioun vum Kommunikatiounsreseau awer mëttlerweil aneren internationalen, Organisatiounen iwwerlooss. Ronn 20.000 Leit wieren den Ament nach an esou Campen ënnerbruecht an op nei opgebaute Reseauen ugewisen, esou de Max Steffen.

"Dat, wat mir an de Campen opgebaut hunn, dat ass e Reseau, sou wéi dir vläicht doheem och een hutt, mat Wi-Fi-Antennen, fir datt et nach am Haus kann bis op den drëtte Stack goen an do awer nach Internet hunn, just dat hei ass op méi engem grousse Scale." 

Do missten da verschidde Punkten un eng zentral Këscht ugeschloss ginn, esou de Max Feller, deen iwwerdeems déi gutt Zesummenaarbecht mam Provider sur Place ervirgehuewen huet.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Max Steffen vun emergency.lu