Klima

Wat ass den "El Niño", virun deem d'Weltmeteoorganisatioun warnt?

Als El Niño versteet een ee Phenomeen iwwer dem tropesche Pazifik, bei deem et zu héije Mieresuewerflächentemperature kënnt, déi iwwer der Klimareferenz leien, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

El Nino | © picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH
El Nino (Foto: picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH)

Am Normalfall wier an der Géigend e relativ staarke sougenannte Passat-Wand, erkläert de Luca Mathias. 

"Am El Niño-Fall ass et esou, datt déi Passat sech immens ofschwächen an dann éischter e Westwand iwwer dem tropesche Pazifik sech etabléiert, soudatt da méi waarm Mieres-Uewerflächentemperaturen, méi waarmt Waasser vum westleche Pazifik an den östleche Pazifik transportéiert gëtt.2

Global Duerchschnëttstemperature wuel méi héich

Dat hätt een Impakt op d'Duerchschnëttstemperature weltwäit. Fir Europa ass den Effekt net esou eendeiteg, erkläert de Luca Mathias. 

"Dat ass et fir d'Hierschtsaison, dat heescht September, Oktober an November, datt een do jo eng kleng Tendenz, e klengt Signal gesäit, datt wärend El Niño-Joren den Hierscht tendenziell méi naass kéint ausfalen."

Fir d'Fréijoers- a Summerméint géif een awer kee kloert Signal gesinn.

D'Weltmeteoorganisatioun hätt d'Warnung erausginn, well den El Niño, nieft dem Klimawandel, och d'Duerchschnëttstemperaturen an d'Luucht dréckt. 

"Dann ass dat on top vum Effekt vum Klimawandel. Dowéinst hujet d'WMO déi Alerten erausginn, datt ee warscheinlech global gesi mat engem immens waarme Joer rechne kann." 

Den El Niño selwer hätt awer näischt mam Klimawandel ze dinn. 

Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vum Meteorolog