Weltgesondheetsorganisatioun

WHO no Ausso vun Donald Trump: Paracetamol léist net Autismus aus

Et gëtt keen noweisleche Lien tëschent Paracetamol, Impfungen an Autismus, warnt d‘Weltgesondheetsorganisatioun. Dat nodeems den US-President Frae gewarnt huet, si sollten an der Schwangerschaft kee Schmäerzmëttel vun der Mark Tylenol, wou Paracetamol dran ass, huelen, wéinst enger Autismus-Gefor.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Den Donald Trump huet keng Beweiser dofir genannt. D‘Warnung ass bei Experten op däitlech Kritik gestouss.

D‘Studielag bei dem Thema wier eendeiteg. Autismus géif net zu de Risike vu Paracetamol gehéieren, preziséiert de Spriecher vum däitschen Institut fir Medikamenter a medezinesch Produiten, Maik Pommer.

Esou Risike géifen ëmmer an der ganzer EU an Zesummenaarbecht mat alle Santés- a Medikamentenautoritéite ganz genee iwwerwaacht ginn, esou de Maik Pommer. Ewéi bei allen anere Medikamenter géifen et Packungsbäilage ginn. Fir dat Medikament gëtt et kloer keng Autismuswarnung. 

Geféierlech Vereinfachung

Och an den USA stéisst d’Ausso vum US- President op schaarf Kritik vun der amerikanescher Fachgesellschaft vun de Gynekologen a Fraendokteren.

D’Aschätzung vum Donald Trump a vum Gesondheetsminister géif all wëssenschaftlech Erkenntnisser ignoréieren. Déi Behaaptung géif iwwerdeems déi komplex Ursaache vun neurologesche Problemer bei de Kanner op eng geféierlech Aart a Weis vereinfachen. 

Et wier och héchst beonrouegend datt d’Santésautoritéiten dozou bereet sinn eng Ukënnegung ze maachen, déi d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vu Millioune Leit kéint a Fro stellen, ouni datt dofir Beweiser géife virleien, op déi ee sech kéint verloossen, schreift d’US-Fachgesellschaft vun de Gynekologen.

Ursaache vun Autismus nach net bekannt

Och der Berliner Universitéitsmedezin Charité no wier Paracetamol wärend der Schwangerschaft ee Wierkstoff dee gutt vun de Patientinne verdroe gëtt. Wéi bei all Medikament misst een d’Recommandatioune vu sengem Dokter suivéieren. 

Bis elo ass nach net genau gewosst, wat Autismus ausléist, preziséiert iwwerdeems de Bundesverband fir d‘Fërderung vu Mënsche mat Autismus.

Lauschterenplay_arrow