Testphas Digitalradio

Vun elo u kann een den Opus 100,7 an de Radio 100,7 iwwert DAB+ empfänken

Vun elo u kann een och Lëtzebuerger Radiosender iwwer DAB+ empfänken: Haut fänkt nämlech d’Testphas vum Digitalradio hei am Land un. Dat bedeit, datt dir den Opus 100,7 an eelef weider Lëtzebuerger Sender elo och iwwer den digitale Wee kënnt lauschteren.

auto_stories

1 min

Opus 100,7  | © Opus 100,7
Opus 100,7 (Foto: Opus 100,7)

Am Moment geet dat just iwwer en Testsignal, ob deem et nach zu Ënnerbriechunge komme kann. Offiziell gëtt de neien Service dann ufanks Dezember lancéiert.