Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  Colin Matthews, David Matthews - The Big Parade Suite, III. Night Battle - London Philharmonic Orchestra, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ "Il est très important de s'imprégner de cette musique"

Klassik Aktuell

"Il est très important de s'imprégner de cette musique"

Amerikanesch Musek aus dem 20. Joerhonnert am Escher Conservatoire. Gershwin, Bernstein a Menotti op 2 Pianoen a Perkussioun, deels och mat Gesank.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Lina Druart (éischt Persoun vu lénks) | © Escher Conservatoire play_arrow
Lina Druart (éischt Persoun vu lénks) (Foto: Escher Conservatoire)

De Samschdeg, de 26. Abrëll, erkléngen am Escher Conservatoire déi bekannte Melodien aus dem Bernstein senger "Westside Story" an aus dem "Candide". Vum Gershwin ënner anerem "An American in Paris". Et ass Musek, an déi een déif muss andauche fir se ze verstoen, well se dacks op Rhythme baséiert, déi net aus eisen europäesche Kulture kommen. Et ass och genee dës kulturell Diversitéit, déi déi amerikanesch Musek aus dem 20.Joerhonnert esou interessant mécht, fënnt d'Pianistin Lina Druart. De Melting Pot New York ass och dat éischt un dat si muss denken, wa si un amerikanesch Musek denkt, wéi d'Lina Druart am Gespréich mam Christophe Mirkes verréit.

Weider Informatioiunen zum Concert fannt dir hei.

 

Lauschterenplay_arrow

live

Live