D'Siemens AG an d'Bayresch Staatsoper hunn de Klang vum Nationaltheater zu München digitaliséiert. Entstanen ass also een "digitalen Zwilling" vum Nationaltheater.
Dësen digitalen Zwilling mengt u sech näischt aneres wéi eng "akustesch Kopie" vun de Raimlechkeeten. Mat der Hëllef vun "Sound of Science", wéi de Projet genannt gëtt, soll also d'Akustik an d'Klangwierkung vun engem Concertssall 1:1 simuléiert kënne ginn.
D'Uerdnung vun Orchesteren oder verschidde Konfiguratioune vum Sall kënnen esou an engem 3D-Modell simuléiert ginn Dëst soll et Museker:innen an Dirigent:innen erlaben, d'Klangwierkung scho virun der éischter Prouf, beispillsweis doheem, auszeprobéieren.
Esou ass et och méiglech eenzel Sëtzplazen am Nationaltheater vum Publikum auszeprobéieren an ze kucken, wéi den Orchester vun der jeeweileger Sëtzpositioun am Sall kléngt.
Nieft dem Orchesterklang huet een dann fir de rezentste Projet, och Gesang an d'Simulatioun integréiert. Agesonge vun der Sopranistin Emilie Sierra, kann een och dëse Klang am Raum virtuell nostellen an ulauschteren.
Alles wat een dofir brauch wier ee VR-Brëll an eng App, déi d'Siemens AG bis well awer just ausgewielte Partner zur Verfügung stellt. Aktuell ass och net geplangt, dës App fir déi breet Mass zougänglech ze maachen.
Schonn 2024 gouf bei de Salzburger Festspiller een änleche Projet an d'Liewe geruff a getest. Déi technesch Grondlag dofir baséiert um Siemens Simcenter. Ee Simulatiouns-Portfolio dat mat Hëllef vu Ray-Tracing, d'Verbreedung vun de Schallwellen am Raum berechent.