D’Lëtzebuerger Land an RTL haten e Freideg doriwwer bericht, datt anonym Hiweiser mat Virwërf géint Amazon bei der “Inspection du travail et des mines” agaange waren. Zum Deel wieren d’Virwërf an dësen Artikele richteg rëmgi ginn, seet dozou den ITM-Direkter Marco Boly.
"Mee do si Saachen, do sinn nei Elementer, déi dobäikomm sinn, déi an deenen Original-Plainten, déi mir kritt hunn, net esou detailléiert dra waren."
Net ausbezuelten Iwwerstonnen
D'ITM géif der Saach nogoen. Et wier awer net selten, datt bei hinnen Dossieren agi, wou et ëm falsch oder net ausbezuelten Iwwerstonnen oder Feierdeeg geet. Dat wier elo näischt Extraes.
"Et ass eebe just, datt Amazon natierlech eng grouss Firma ass, an datt dat natierlech e bësse méi Publicitéit ervir rifft."
D'ITM géif anonym Signalementer, déi hinnen zougeschéckt ginn, d'office iwwerpréiwen. D’Gewerbeinspektioun géif drop halen, datt d’Entreprisë konform zum Aarbechtsrecht sinn, mee si wier keng “Sanktiouns-Compagnie”, wéi hiren Direkter ënnerstréicht.
"Mir sinn do um Sanktionnement net interesséiert. Dat ass ëmmer dee leschte Moyen, dee mir benotzen."
Firma ka sech selwer regulariséieren
Wann eng Firma an der Lag wier, sech ze regulariséieren, an de Leit hir richteg Pai ze bezuelen, da wier den Dossier fir d’Gewerbeinspektioun an der Rei. D'Entreprise muss der ITM Preuven heizou liwweren.
Eng vun den Haaptaufgabe vun der ITM wier d’Preventioun. Zur Fro, ob US-Entreprisë wéi Amazon verschidde Reegele vum Aarbechtsrecht net kennen oder ob si probéiere géife sech iwwer d’Reegelen ewechzesetzen, sot den Direkter vun der ITM, hir Roll wier et, Firmaen an esou Fäll ze beroden.
"A wa mir se op deen dote Wee eeben halt beroden, dann ass dat fir eis an der Rei."
Wichteg fir d'ITM wier, datt de Salarié zu senge Rechter kënnt. Op der anerer Säit wiere si awer och fir de Patron do.
"Ech mengen, mir muss jo och kucken, datt dem Patron seng Rechter par rapport zum Aarbechtsrecht och gewaart ginn. An do ass d'ITM voll a sengem Element vun der Preventioun."
Den Amazon-Dossier wier den Ament nach an der Instruktioun, esou de nach de Marc Boly. Soulaang kéint hien ëffentlech net Positioun dozou huelen.
Dat komplett Gespréich mam Marco Boly fannt Dir hei.