Aktuell sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, genee esou wéi eng Rei Minister:innen an der Belsch op Staatsvisitt. Dëst ass net nëmmen eng Geleeënheet fir d'Nopeschland besser kennen ze léieren, mä och fir Lëtzebuerg am Ausland ze representéieren. Haut den Owend (17.04) spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert an der fréierer Maison de la radio zu Bréissel. Mat um Programm: de Medley Uechter d'Land vum Spuenesch-Lëtzebuergesche Komponist Ivan Boumans.