Si géifen nämlech falsch Informatiounen, "fake news" verbreeden, esou dem Donald Trump seng Argumentatioun.
Wéi wäit den Ausschloss vun den deene Medie wierklech geet ass net kloer. Net gewousst, ass zum Beispill, ob si weider mam Presidentefliger Air Force One kënne matfléien.
Medien an Demokrate wiere sech
CNN huet sech scho gewiert, an op d‘Pressefräiheet mee och déi amerikanesch Verfassung higewisen. D‘Regierung dierft sech net an d‘Presseaarbecht amëschen, esou hire Message.
Och de Chuck Schummer, Chef vun den Demokraten am Senat huet réageiert, an op X geschriwwen, den Trump hätt grad dat gemaach, wat Diktatoren am Laf vun der Geschicht och gemaach hunn.