Vatikan

US-Ausseminister schwätzt mat Poopst iwwer de Krich am Noen Osten

No de rezenten Attacke vum US-President Donald Trump, huet de Poopst Leo XIV. den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio a privater Audienz am Vatikan empfaangen.

auto_stories

1 min

De Poopst huet den US-Ausseminister a privater Audienz empfaangen | © picture alliance / ROPI | Vatican Media/Fotogranmma/
De Poopst huet den US-Ausseminister a privater Audienz empfaangen (Foto: picture alliance / ROPI | Vatican Media/Fotogranmma/)

De Marco Rubio sollt probéieren, d‘Gemidder rëm ze berouegen.

"Zolidd Relatiounen"

D‘Gespréich wier frëndschaftlech a konstruktiv verlaf, huet et duerno an engem Communiqué vu Washington geheescht.

Et hätt gewisen, datt d‘Relatiounen tëscht den USA an dem Vatikan zolidd wieren, an datt si sech allebéid fir Fridden a Mënschewürd géifen asetzen.

Differenzen tëschent Poopst an US-President

De Poopst Leo XIV. hat sech e puer Mol géint de Krich am Iran ausgeschwat, an hien hat zu enger Wafferou a zu Dialog opgeruff. Dat hat dem US-President Donald Trump net gefall.

Mar Freideg soll den US-Ausseminister Rubio zu Roum déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni treffen.