Musek

Trotz Boykott vu verschiddene Länner: Budget fir ESC net a Gefor

Den ugekënnegte Boykott, deen eng Partie Länner fir de Eurovision Song Contest annoncéiert hunn, hätt keen Afloss op d‘Finanzéierung vum Museksconcours. Dat huet d‘EBU, den Zesummeschloss vun den ëffentlech-rechtleche Medienhaiser an Europa, confirméiert.

auto_stories

1 min

Den ESC-Gewënner JJ aus Éisträich. | © Corinne Cumming/EBU
Den ESC-Gewënner JJ aus Éisträich. (Foto: Corinne Cumming/EBU)

Deemno hätt déi endgülteg Unzuel u Participantë keng Konsequenzen op de geplangte Produktiounsbudget an de finanzielle Bäitrag vun der EBU un den ORF, den éisträichesche Sender an Organisateur vun der nächster Editioun.

Gëschter um Donneschdeg hunn no der Confirmatioun, datt Israel weider um Concours dierf deelhuelen, Spuenien, Holland, Irland a Slowenien ugekënnegt, net méi matmaachen ze wëllen.

Spuenie gehéiert zu de sougenannten "Big 5" an domat zu de gréisste Contributeure vum Eurovision Song Contest.