Wéinst Reegelverstouss

TikTok kritt eng Verwarnung vun der EU-Kommissioun

Déi Europäesch Kommissioun ass der Meenung, datt TikTok géint déi Europäesch Reegele fir digital Servicer verstéisst. D’Plattform kéim der Obligatioun net no, hir Donnéeën iwwer Publicitéiten ze publizéieren, esou d’EU-Kommissioun an enger virleefeger Stellungnam.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka )

Esou een Datepool iwwer d’Reklamme wier wichteg, fir datt Chercheuren an d’Zivilgesellschaft kéinten eventuell Fälschungen oder Campagnen zum Beispill am Zesummenhank mat Walen detektéieren.

Der Kommissioun no liwwert TikTok net déi néideg Informatiounen iwwer de Contenu vun der Publicitéit, iwwer d’Notzer, déi viséiert sinn, an doriwwer, wien déi Reklamme bezuelt huet.

TikTok riskéiert Strof vu 6 Prozent vum Ëmsaz

Et géif sech hei ëm ee virleefegt Resultat vun enger lafender Enquête handelen, heescht et am Communiqué. TikTok huet elo d’Méiglechkeet deem ze widderspriechen.

Wann d’Kommissioun bei dësem Constat bleift, da riskéiert d’Plattform eng Strof bis zu 6 Prozent vun hirem weltwäiten Ëmsaz.