Interview

Thermos - eng Uropféierung vum Komponist Roland Wiltgen

Dem Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen säin "Thermos" passt perfekt bei d'Motto vum Festival, "Heat".

auto_stories

1 min

headphones

11 min

Roland Wiltgen, Komponist | © Opus/Michèle Liesch play_arrow
Roland Wiltgen, Komponist (Foto: Opus/Michèle Liesch)

De Roland Wiltgen kombinéiert gären Astronomie a Kosmologie a senge Wierker. Dat sinn nämlech och privat Passiounen. Konkret geet hien a sengem "Thermos" op d'Entsteeung vun eiser Äerd an, den Urknall.

Wéi huet eist Universum an den éischte Momenter nom Urknall geklong? Wéi kann ee “fest”, “flësseg” oder gasfërmeg” mat Musek duerstellen? Dat verréit de Komponist am Interview.

Lauschterenplay_arrow