Noen Osten

Syrien an Israel féiere Gespréicher iwwer "d’Stabilitéit an der Regioun"

Op US-Vermëttlung hin hu sech gëschter um Dënschdeg zu Paräis Vertrieder vu Syrien a vun Israel fir Gespréicher iwwer "d’Stabilitéit an der Regioun" gesinn. De syreschen Ausseminister Asaad al-Schaibani war dofir an déi franséisch Haaptstad komm.

auto_stories

1 min

Israel hat sengersäits eng politesch Delegatioun op Paräis geschéckt. Et goung rieds ëm d'Deseskalatioun tëschent den Noperen. Dat no rezenten israeelesche Loftattacken op déi syresch Haaptstad Damaskus.