Streik um Fluchhafen zu Charleroi: Bis zu 800 Volle kéinten ausfalen
Nodeems d‘Conciliatioun tëschent der Direktioun vu Skeyes an de Gewerkschaften e Méindeg gescheitert ass, hunn d‘Fluchlotsen vum Fluchhafe Charleroi e Streik ugekënnegt. Vun haut u bis den 10. Oktober soll wärend 24 Deeg, ëmmer nuets vun 10 bis 8 Auer moies, gestreikt ginn.
Charleroi (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)
De Mëtteg si schonn eng ganz Rëtsch Ryanair-Vollen ausgefall, an deemno och d‘Retouren hënt a muer de Moien. Wärend deene 24 Deeg kéinten am Ganzen 800 Vollen zu Charleroi annuléiert ginn.
D‘Fluchlotsen hätte gäre méi Supplemente fir Nuetsstonnen. Si wëllen un d‘Tariffer vun de Fluchlotse vum Fluchhafen zu Léck ugepasst ginn. D'‘Direktioun vu Skeyes refuséiert dat awer, well zu Charleroi manner Nuetsvolle si wéi zu Léck.