Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  

play_arrow Live
opus

/ Start vum Giro d‘Italia – zwee Lëtzebuerger dobäi

Vëlossport 

Start vum Giro d‘Italia – zwee Lëtzebuerger dobäi

D’Lëtzebuerger Kevin Geniets a Michel Ries starten dëst Joer um Giro d’Italia. Allen zwee a verschiddenen franséischen Ekippen. Op si an op déi aner 182 Participante waarden déi nächst dräi Wochen 3.440 Kilometer an 21 Etappen. 

auto_stories

1 min

De Kevin Geniets (lénks) an de  Michel Ries (riets)
De Kevin Geniets (lénks) an de Michel Ries (riets)

Déi éischt Etapp haut um 9. Mee féiert vun Durrës bis op Tirana, d’Haaptstad vun Albanien. Dat ass eng Etapp vu 160 Kilometer an 1800 Héichtemeter. Den 1. Juni kommen d’Coureuren dann zu Roum an där leschter Etapp un. 

Dëst Joer ass et déi 108. Editioun vum Giro d’Italia. 

Déi läscht Editioun war vum sloweeneschen Tadej Pogačar gewonne ginn, mat no dräi Wochen, bal enger Avance vun 10 Minutten op seng Konkurrenten. Dës Kéier ass hien awer net um Depart.

D'Course kënnt Dir hei verfollegen.