Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ "Si liewen an der Zukunft"

Lëtzebuerger Bouwechouer a Japan!

"Si liewen an der Zukunft"

De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.

auto_stories

1 min

Pueri Cantores & Pit Nimax | © GIE Luxembourg - Expo 2025 Osaka Ondrej Piry
Pueri Cantores & Pit Nimax (Foto: GIE Luxembourg - Expo 2025 Osaka Ondrej Piry)

Gëschter hunn déi ronn 45 jonk Sänger vun de Pueri Cantores de Shinkansen geholl fir a knapp zwou Stonne vu Kyoto op Tokio ze kommen. Et ass de séiersten a pünktlechsten Zuch op der Welt. Och soss ass hiren Alldag am asiatesche Land voll mat spannenden Entdeckungen.
Ënnert anerem wunnen si bei Gaaschtfamillen an typesch japaneschen Haiser an iessen och déi traditionell Platen. Ween u Japan denkt, kann natierlech och net den Téi, spezifesch de Matcha, vergiessen. De Chouer huet eng ganz Stonn laang eng traditionell Téi-Zeremonie mat erlieft. 

Nieft kulinareschen a kulturelle Momenter stinn och eng sëlleg Concerten um Programm. Een Highlight war hiren Optrëtt viru ronn 500 Leit am Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Weltausstellung zu Osaka.

Zwee vun de Bouwen an den Dirigent Pit Nimax verroden eis méi.

Lauschteren