Bei der Duerchsichung hätt sech erausgestallt, datt d‘Schëff op der Sanktiounslëscht vun der EU steet. Ënner wéi engem Fändel d‘Schëff fiert wier onkloer.
Mat Schëffer aus de Schattenflotte probéiert Russland, Sanktiounen ze ëmgoen, déi als Konsequenz fir säi Krich géint Ukrain agefouert goufen. Et handelt sech heibäi dacks ëm eeler Schëffer, bei deenen de Risiko fir Ëmweltverschmotzung méi héich ass.