Radioen

On air

Notturno  |  Gao Ping - 12-Hour Bridge for flute and piano, II. - Gao Ping (Piano), Markus Brönnimann (Flütt)

play_arrow Live
opus

/ Schottland: Regierungschef huet Demissioun ugekënnegt

No Mësstrauensvotten

Schottland: Regierungschef huet Demissioun ugekënnegt

De Schottesche Regierungschef Humza Yousaf huet seng Demissioun ugekënnegt. Dat huet hien elo virun der Press bekannt ginn. Hien soll awer am Amt bleiwen, bis datt een Nofollger fonnt gouf.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Dem Humza Yousaf seng schottesch Nationalpartei huet nom Broch vun der Koalitioun mat deene Gréngen de leschten Donneschdeg keng Majoritéit méi am Regionalparlament. D‘Oppositioun hat Mësstrauensvotte géint de „First Minister“ selwer, souwéi géint seng Regierung annoncéiert.

Den Interim no senger Demissioun kéint de schotteschen Educatiounsminister John Swinney maachen. Wann d‘Parlament sech net bannent 28 Deeg iwwert en neie Regierungschef eens gëtt, kënnt et zu virgezunnen Neiwalen a Schottland.