Sträichquartetter ginn et der onmoosseg vill. Schonn eleng den Haydn huet der 68 geschriwwen. Bei de Sträichtrioen ass d'Offer allerdéngs guer net sou grouss, mee dofir awer net manner schéin oder interessant. De Schengen Trio spillt haut den Owend (27.11.) am Kammermuseksall vun der Philharmonie. Niewent Wierker vum Beethoven, Haydn a Kodály, steet och e Wierk vun engem Komponist um Programm, dat souguer fir d'Museker vum Ensemble eng komplett Neientdeckung war.
Am Interview beim Christophe Mirkes huet d'Anik Schwall, d'Cellistin vum Schengen Trio, verroden em wéie Komponist et sech dobäi handelt a wat e 'Schöngeist' mat der Musek fir Sträichtrio ze doen huet.