Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Schauspiller George Clooney rifft Joe Biden op sech zeréckzezéien

US-Walkampf

Schauspiller George Clooney rifft Joe Biden op sech zeréckzezéien

Den Acteur George Clooney mécht en Appell un den Joe Biden sech zeréckzezéien. D‘Demokratie wier a Gefor, do géif eng méi jonk Persoun gebraucht. Den Joe Biden kéint de Kampf géingt d‘Zäit net gewannen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd
Foto: picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd

Dat schreift de George Clooney haut an enger fräier Tribün an der New York Times, d'Zeitung féiert domat den Drock op den Biden weider. Bis elo hat de Schauspiller den Joe Biden ënnerstëtzt. Nach virun e puer Wochen huet hien op enger Walkampfmanifestatioun Sue fir dem President säi Walkampf gesammelt.

"Bei där Manifestatioun hu mir dee selwechte Mann wéi an der Fernseedebatt gesinn", esou den Clooney.

Dann huet och en éischte Senateur, de Peter Welch aus Vermont, e Réckzuch gefuerdert. Et ginn och Informatiounen, datt den demokratesche Fraktiounschef am Senat, den Chuck Schumer, oppen ass fir e Réckzuch vum Biden.

D'Nancy Pelosi, déi fréier Presidentin vum Representantenhaus, 84 Joer al, sot elo an engem Interview, et wier um President ze decidéieren, op hie kandidéiert. Si géif hien encouragéieren, eng Decisioun ze huelen, d'Zäit géif knapp ginn.

Haut wäert den Joe Biden erëm ganz genee analyséiert ginn, dat op enger Pressekonferenz, déi hien den Owend um hallwer 12 eiser Zäit zu Washington gëtt.