Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Russland a China reagéier kritesch op NATO-Ofschlossdeklaratioun

NATO

Russland a China reagéier kritesch op NATO-Ofschlossdeklaratioun

Russland wëllt militäresch op US-Waffen an Europa reagéieren. Dat huet de Kreml haut matgedeelt. Déi däitsch Regierung an d‘Wäisst Haus hate gëschter um Bord vum NATO-Sommet annoncéiert, datt 2026 déi éischte Kéier zanter dem Kale Krich nees amerikanesch Waffesystemer an Däitschland sollte stationéiert ginn.

auto_stories

1 min

Wladimir Putin | © picture alliance / Russian Look | Gavriil Grigorov Kremlin Pool
Foto: picture alliance / Russian Look | Gavriil Grigorov Kremlin Pool

Déi kéinten Ziler a Russland erreechen. Déi russesch Sécherheet géif duerch esou Waffe beanträchtegt ginn, sot de Vizeausseminister, Sergej Riabkow, der staatlecher Noriichtenagence Tass zu Sankt Petersburg.

D‘NATO an d‘USA géifen sech mat dësem Schrëtt weider a Richtung vun enger Eskalatioun beweegen. Russland géif elo eng militäresch Äntwert dorop ausschaffen. Detailer huet de Minister keng genannt.

Och China kritséiert d'NATO Ofschlossdeklaratioun

China huet d‘Ofschlossdeklaratioun vum NATO-Sommet massiv kritiséiert. Doran huet den Toun géintiwwer Peking sech däitlech verschäerft. D‘Land kritt Bäihëllef am russeschen Ugrëffskrich géint d‘Ukrain virgehäit.

D‘Militärallianz huet China opgefuerdert, all materiell a politesch Ënnerstëtzung fir de russesche Krich direkt ze stoppen. D‘Deklaratioun wier voll vu Krichsrhetorik, Verleumdung a Provokatioune sot de Spriecher vum chineeseschen Ausseministère. D‘NATO géif falsch Informatiounen aus den USA verbreeden an domat d'Kooperatioun tëscht China an Europa ënnergruewen.

Um leschten Dag vum NATO-Sommet wäert haut virun allem iwwert d‘Hëllefe fir d‘Ukrain diskutéiert ginn.