Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Antonin Dvorák - Serenade fir Sträichorchester a Mi Majeur, Op.22, III. Scherzo. Vivace - Balkan Chamber Orchestra, Toshio Yanagisawa (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Ried vum 1. Mee: Hefteg Kritik vun der Nora Back un der Regierung

"Réckschrëtt an d'lescht Jorhonnert"

Ried vum 1. Mee: Hefteg Kritik vun der Nora Back un der Regierung

D’Presidentin vum OGBL Nora Back spuert an hirer Ried vum 1. Mee net u Kritik géint d’Regierung. Virun allem, wat de Projet de Loi zu den Aarbechtszäite betrëfft. D’CSV-DP Regierung géif d’Patronat mat esou enger Politik ze vill stäerken. 

auto_stories

1 min

D'OGBL-Manifestatioun fir den 1. Mee an der Abtei Neimënster. | © Pebia Urban
D'OGBL-Manifestatioun fir den 1. Mee an der Abtei Neimënster. (Foto: Pebia Urban)

Wann ee sonndes d’Aarbechtsstonnen am Commerce vu 4 op 8 Stonnen eropsetzt, wieren d’Salariéen der “Willkür vum Patron ausgesat”. D’Regierung soll dee Projet de Loi ganz zeréckzéien, esou d’Nora Back.

“Joresreferenzperiod, Verkierzung vun de Pausen, Verlängerung vun der Wochenaarbechtszäit, manner wéi 44 Stonne Paus pro Woch, manner Congé méi schaffen: All déi dote Grujelegkeeten, dat ass dat, wat eis Regierung an hirem Koalitiounsprogramm aus dem Wonschkatalog vun der UEL kopéiert huet. Et ass schrecklech. Et ass dat, wat si Moderniséierung nennen, ma et ass einfach emol e Réckschrëtt an d'Aarbechtszäite vum leschte Joerhonnert.”

Méi Rechter fir Personaldelegatiounen

Weider huet d’Nora Back kritiséiert, datt d’Regierung elo massiv an d’Verdeedegung investéiere wëllt, obwuel ee jorelaang net genuch an d’Educatioun oder an de Logement investéiert hätt.

Personaldelegatiounen an den Entreprisë sollen och méi Rechter kréien. E Beispill fir d’Ënnerdréckung vun den Delegatioune wier déi rezent Affär bei Caritas Jeunes et Famille, bei där d’Direktesch véier Membere vun der Personaldelegatioun wëllt kënnegen.