Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan Tournée

Viru genee 20 Joer waren d’Pueri Cantores fir d’éischt Kéier op Tournée a Japan, an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d’Atomkatastroph, Osaka op de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung, an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sangen si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D’Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamillje bleiwen, soudass et eng richteg Entdeckungsrees fir d’Jonge ginn, déi tëscht 6 an 22 Joer hunn.
Ee vun den Highlights vun der Tournée ass datt si ganz dacks de “Bullet Train Shinkansen” huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sangen si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d’Fräschelidd oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënnert anerem, wéi d’Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.
Grouss russesch Sinfonik am neie Klassik Album vun der Woch

D’NDR Radiophilharmonie ass en Orchester mat grousser klanglecher Straalkraaft. Virun allem ass de Klang immens lieweg. Beim Lauschtere vergësst een, datt een net op engem Live-Concert ass.
Den Orchester bitt en eenheetleche Klang an den deck besate Passagen, mee bréngt et awer fäerdeg fir an entscheedende Momenter all Sektioun mat senger Klangfaarf erauskommen ze loossen. Dat ass virun allem an den Holzbléiser festzestellen, déi mat preziser Artikulatioun an de ganz séier getakte Staccato-Passagen erausstiechen.
D'Konzept vum Album ass duerchduecht
D’Konzept vun dëser Produktioun beweist, datt en duerchduechte Programm op allen Niveauen zu positive Resultater ka féieren. De Repertoire mat Tschaikowsky, Rimski-Korsakow an Tcherepnin weist dem Nolauschterer eng
Entwécklung. Et kann een iwwert d’Ouer mat kréien, wéi sech déi russesch Sinfonik vun der Romantik bis an déi spéitromantesch Zäit eran intensivéiert. Dobäi sinn déi manner gespillte Wierker mat typesch russesche Kläng ausgestatt. Domat ass dësen Disk eng Erweiderung vum Repertoire a vum Horizont fir all interesséierten Nolauschterer. Zousätzlech zu dëse positiven Eegenschaften passt dem Orchester säi Klang ideal zu der russescher Sinfonik.
Eng Opnam mat Intensitéit
Virun allem d’Verständnes fir d’Dramatik stécht eraus. Grad bei sou intensive Partiture mat deck besatem Orchester muss een den Opbau vu Phraséierunge gutt plangen. Dat ass dem Stanislav Kochanovsky op dëser Produktioun wonnerbar gelongen. Déi richteg Sektiounen am Orchester bauen d'Intensitéit am passende Moment op. Och d’Museker vum Orchester schénge genau ze wësse wéini wéi eng Stëmm gefuerdert ass. Och déi gréisstendeels immens virtuos Solopassagen, virun allem am Capriccio Espagnol, si mat vill Eeschthaftegkeet an awer dänzerescher Fräiheet interpretéiert. Et ass generell eng Performance, bei där den Dirigent Stanislav Kochanovsky sech op den Asaz vun all Museker ka verloossen. Ofschléissend kann ee soen, datt et e gelongenen Debut-Album ass fir déi nach frësch Zesummenaarbecht tëschent dem Dirigent an dem Orchester.
D'Finall vum Internationale Klarinette Concours

Zesumme mam Klenge Maarnecher Festival, huet Lëtzebuerg dëst Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett gesicht.
Mam Internationale Klarinette Concours 2025 huet den artisteschen Direkter Max Mausen ee Concours presentéiert, bei deem dann och ee souwuel national wéi och international unerkannte Jury säi Choix gemaach huet.
Matmaache konnt jiddwer Klarinettist:in, deen/déi no 1990 gebuer ass. Ugemellt hunn sech 80 Klarinettist:innen aus der ganzer Welt tëscht Ufank Oktober a Mëtt November 2024 per Video. 37 vun hinne goufen da fir een éischten Tour ausgewielt.
Aus deene 37 Persounen, goufen en Dënschden a Mëttwoch (08. & 09. Abrëll) 12 Halleffinalist:innen erausgesicht, déi sech um Donneschde fir d'Finall qualifizéiert hunn. An der Finall stoungen um Freideg da just nach 3 Talenter op der Bün.
Wie gewonnen huet? Lauschtert eran!