Resonanzen

Musek am Atertdall, am Käercher Gréiweschlass an en Album mat engem mysteriéisen Titel

De Festival Musique dans la vallée de l'Attert, e Concert mam Leo Halsdorf am Käercher Gréiweschlass an de leschten Album vum London Symphony Orchestra.

auto_stories

2 min

headphones

60 min

play_arrow

Musik am Atertdaul

5 Gemengen aus der Vallée de l'Attert tëschent der Belsch a Lëtzebuerg gi sech fir déi mëttlerweil 27. Editioun Rendez-vous beim Festival Musique dans la Vallée. Rezent eréischt gouf de Programm aus der Editioun 2025 presentéiert. Ee Grond fir de Lex Kauffmann mat der Directrice Sylvie Hubert iwwer d'Programmatioun ze schwätzen. De ganze Programm vum Festival fannt dir hei.

Dieren tëscht Museksgenren opmaachen

Et wëllt een nei Dieren tëschent de verschiddene Museksgenren opmaachen. Dat seet d'Florence Martin, artistesch Directrice zanter 2024 vun der Cité musicale-Metz.
Elo huet si déi nei Saison virgestallt, déi ënner dem Motto "D'Fënster zur Welt" steet. Musekerinnen a Museker aus verschiddene Länner kommen am Programm zesummen. Mee ass een immens breede Mix net ze vag fir ee Saisonsprogramm oder soll ee sech grad bei Programmatioune méi trauen?
Dat huet de Lex Kauffmann vum opus 100,7 d'artistesch Directrice am Gespréich gefrot. D'Infoen zu der neier Saison fannt dir hei.

Orchestrating the Wild

Deen neien Album vum London Symphony Orchestra zesumme mam Kontrabassist Steve Schermer exploréiert Musek vun der brittescher Komponistin Sarah Louise Bassignwaighte. De Lex Kaufmann erzielt méi iwwer säi Coup de Coeur.

Lauschterenplay_arrow