Dem Wolodymyr Selenskyj seng Äntwert do drop koum kuerz nodeems den Donald Trump d‘Ukrain opgefuerdert hat, d‘Offer vum Wladimir Putin unzehuelen. De Putin huet keng Konditioune fir déi Gespréicher genannt, mee hien ass och net op d‘Fuerderung vun europäesche Leaderen agaangen. Si hate gëschter um Sonndeg Russland opgeruff, vun haut un eng Waffepaus vun 30 Deeg ze respektéieren.
Zu London ass haut um Méindeg e weidert Ausseminister-Treffen iwwer de russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain. Mat derbäi sinn ënner anerem d‘Ausseministeren aus Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, Polen an der Ukrain. Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha gëtt muer och hei zu Lëtzebuerg erwaart.