Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello a Ré Majeur, G 479, III. Allegro - Constantin Macherel (Cello), London Mozart Players, Sebastian Comberti (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Prix Goncourt a Prix Renaudot goufen iwwerreecht

Literatur

Prix Goncourt a Prix Renaudot goufen iwwerreecht

Zu Paräis goufen um Méindegmoien déi renomméiert franséisch Literaturpräisser Prix Goncourt a Prix Renaudot iwwerreecht.

auto_stories

1 min

De Prix Goncourt geet dëst Joer un de Kamel Daoud fir säi Roman "Houris". De franco-algeereschen Auteur a Journalist beschäftegt sech a sengem Buch mat de Massakere vun der sougenannter "décennie noire“, also dem Biergerkrich an Algerien tëschent 1992 an 2002.

D‘Buch ass an Algerie verbueden, wéi och all aner Bicher, déi sech mat deem Theema befaassen.

De Prix Renaudot geet un de Gaël Faye fir "Jacaranda". Ee Roman deen den Neesopbau vum Ruanda nom Genozid 1994 thematiséiert.