An de leschte Joren hätt ee kënnen observéieren, datt ëmmer méi Leit an Untersuchungshaft kommen. Fir d'Situatioun am September an de Grëff ze kréie goufe weider Matrassen a verschidden Zelle geluecht.
Uerschterhaff kann net ausgebaut ginn
Kuerzfristeg soll d‘Capacitéit vum Prisong op 436 Plaze klammen. Dofir ginn 20 zousätzlech Etagebetter an Duebelzellen installéiert. D'Etagebetter wier bestallt a weider Better géifen op Mooss fabrizéiert ginn.
Eng dauerhaft Erweiderung vum Gebai Uerschterhaff ass awer net méigelech, schreift d‘Elisabeth Margue. Dat well den Terrain et net hir gëtt. E Grupp mat den Direktere vun de Prisongen am Land géif dowéinst no anere Léisunge sichen, esou nach d‘Justizministesch.
Et stéing een och a Kontakt mat der Administration des bâtiments publics fir no kuerz- a laangfristege Léisungen ze sichen.