Afghanistan

Pakistan huet afghanesch Stied aus der Loft ugegraff an den Taliban de Krich erkläert

Islamabad huet den Taliban haut den oppene Krich erkläert. Dat nodeems afghanesch Zaldote gëschter en Ugrëff op pakistanesch Zaldoten ënnerholl haten.

auto_stories

1 min

© EPA/REHAN KHAN
(Foto: EPA/REHAN KHAN)

Keng vun de béide Säiten haten offiziell eng Militäraktioun ugekënnegt.

An leschte Méint sollen Dosende Mënschen ëm d‘Liewe koum sinn. D‘Grenziwwergäng bleiwe majoritär zou. De Risiko vun enger weiderer Eskalatioun bleift bestoen.