Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Carl Philipp Emanuel Bach - Concerto a La Majeur Wq. 8, I. Allegro - Michael Rische (Piano), Berliner Barock Solisten

play_arrow Live
opus

/ Orchestre Philharmonique de Thionville

Klassik Aktuell

Orchestre Philharmonique de Thionville

No iwwer 40 Joer hält de Frédi Creola op als Intendant vum Orchester. Säi leschte Concert ass an engems dem Orchester säin éischte Concert an der Lëtzebuerger Philharmonie. E Concert, dee Museker aus der Lorraine a vu Lëtzebuerg matenee verbënnt.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Frédi Creola | © radio100,7 play_arrow
Frédi Creola

Och wann den 'Orchestre Philharmonique de Thionville' dëse Weekend (26.11.) fir d'éischt an der Philharmonie optrëtt, gëtt et den Orchester awer schonn zanter méi wéi 150 Joer. Nach méi erstaunlech ass et dann, datt nëmme Musekerinnen a Museker matspillen, déi ouni Gage, mee just op fräiwëlleger Basis matspillen. An dat sinn net nëmmen Instrumentalisten aus der Lorraine, mee och Lëtzebuerger spille reegelméisseg am Diddenuewener Orchester.

Fir de Frédi Creola, deen iwwer déi lescht 40 Joer d'Concerte vum Orchester organiséiert huet, ass d'Première an der Philharmonie an engems och deng Dernière. Duerno soll d'Organisatioun an d'Hänn vu méi jonke Leit geluecht ginn. Am Interview beim Christophe Mirkes huet de Frédi Creola erzielt em wat hie sech als Initiateur vum Orchester gekëmmert huet a wéie Programm hie fir säi leschte Concert zesummegestallt huet.

Lauschterenplay_arrow