An eegener Saach

Opus den Ament net op Antenn

Wéinst engem technesche Problem kann den Opus den Ament net senden.

auto_stories

1 min

D'Ekipp vum Opus schafft op Héichtouren a probéiert de Problem esou séier wéi méiglech ze behiewen. Aktuell leeft dofir de Radio 100,7 op der Antenn vum Opus. Wannechgelift entschëllegt eis fir dësen Ausfall. Wann dir net op klassesch Musek verzichte wëllt, kënnt dir eis Sendungen a Concerte weiderhin an eiser Mediathéik an der App an op www.opus.radio  lauschteren.