Resonanzen

Open-Air Concert a neie Lëtzebuerger Album

D'Marie Schockmel hëlt Iech mat op eng musikalesch Rees a gëtt iech en Iwwerbléck vun den aktuellen Highlights aus der klassescher Musekszeen.

auto_stories

3 min

Militärmusek goes Open-Air

D'Käercher Gréiweschlass ass zënter e puer Joer well d'Location fir den Open-Air Concert vun der Militärmusek Ufank September. Wou déi lescht Jore musikalesch Lännerreesen oder Mëttelalter Programmer zesummegestallt goufen, erënnert een dëst Joer un den 2020 verstuerwenen a fréiere Chefdirigent André Reichling. Hien huet ënnert anerem 1989 déi offiziell Hymn vun der NATO komponéiert.

Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Lieutenant a Souschef-Dirigent vun der Militärmusek, de Jean Thill, iwwert de Programm. Mat dobäi huet hien och ganz vill Erënnerungen un den André Reichling an och méi lëschteg Anekdoten.

De Concert ass den 7. September 2025 ab 17 Auer zu Käerch um Gréiweschlass.

Neisten Album vum Romain Nosbaum 

"Pour Elise" vum Beethoven oder dem Chopin seng Nocturnë ginn dacks um Piano gespillt an och op Albumen opgeholl. Wéi ass et zum Beispill mam Tschaikowski sengem "Schwanensee"-Ballet oder dem Debussy senger "Prélude à l'après-midi d'un faune"? Déi Wierker sinn original fir aner Instrumenter komponéiert ginn, mee et ginn awer ëmmer méi Transkriptiounen, déi d'Spillen um Piano erméiglechen. De Romain Nosbaum huet eng Passioun fir esou Wierker um Piano de Leit méi no ze bréngen. Dat ass och d'Zil vu sengem neisten Album "For Piano ... or not".

Den offzielle Release vum Album war de 5. September 2025.

D'Braatsch als Protagonist

De jonke brittesche Braatschist Timothy Ridout huet mat 8 Joer ugefaange mat sengem Instrument. Loscht fir d'Braatsch krut hien, wéi hie Musek aus den Harry Potter Filmer op deem Instrument héieren huet. Op sengem 2025-Album sinn awer net déi magesch Kläng ze héiere, mee Wierker aus verschiddenen Zäiten. Aus dem Barock stinn de Georg Philipp Telemann an de Johann Sebastian Bach um Programm, aus der Moderne ass et de Benjamin Britten, an aus der aktueller Zäit ass et d'Caroline Shaw. Hiert Wierk "In manus tuas" huet si 2009 fir eng Cellistin komponéiert, an dat Wierk ass zu New Haven am US-amerikanesche Staat Connecticut uropgefouert ginn. 

Den Timothy Ridout bitt hei keng gewéinlech Opnam, mee eng bei där ee mengt, et géif ee ganz no virum Museker stoen. Et ass eng immens intim Produktioun, déi een definitiv aus dem Alldag eraushuele kann. Ee vun de Wierker um neien Album ass dem Bach seng weltberüümt Chaconne. Dat virtuoost a komplext Meeschterwierk ass ronn 16 Minutte laang, an original fir Gei komponéiert. Den Timothy Ridout léisst d'Wierk esou klenge, wéi wann et fir Braatsch geduecht wier, an hie bréngt gläichzäiteg eng Liichtegkeet an eng Kraaft eriwwer.

Iwwert dës Produktioun ënnerhält sech de Lex Kauffmann mam Marie Schockmel.