Zil ass et, op Demokratie a Fräiheeten ze sensibiliséieren. Ech spieren datt et verschiddene Schüler um Häerz läit.
De Georges Urwald arrangéiert a komponéiert selwer Wierker, ma ass gläichzäiteg Enseignant zu Iechternach am Lycée. Zesumme mat sénge Schülerinnen a Schüler hunn si ee gemeinsame Projet mam Ensemble Vocal du Luxembourg: Iwwer Demokratie, Fraerechter a Fräiheete sangen an domat de Publik sensibiliséieren. Ënnert dem Motto: Do you hear the People?
Entstane si bei dësem Projet eng sëllege Lidder, dorënner och véier Stécker déi bei engem Concert Méindes, den 19. Mee 2025 am Trifolion zu Iechternach gesonge ginn.
Um Programm stinn donieft awer och Wierker, déi vu Krich verzielen. Dorënner Hanns Eisler - Gegen den Krieg:
Ech fanne grad bei sou Texter oder Themen, duerf d'Musek schif sinn oder mol méi ongewinnt kléngen. Dat ass de Komponist sech och schëlleg fir dann, wat ëm um Mo läit, fir dat mat entspriechend méi dissonanten Téin zum Ausdrock ze bréngen. Dat ass da méi éierlech par Rapport zum Thema, wéi do eppes Schéines draus ze maachen.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwert d'Konzept, ma och d'Erfarungen déi am Grupp bei dësem Projet gemaach goufen.
D'Infoen zum Projet an dem Concert fannt dir hei.