Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Oliver Triendl: Kammermusek vun der Mathilde Kralik

Klassik Album vun der Woch

Oliver Triendl: Kammermusek vun der Mathilde Kralik

De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Alben mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl. Elo ass d'Musek vun der Mathilde Kralik von Meyrswalden drun.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Eng Schülerin vum Anton Bruckner

D'Mathilde Kralik von Meyrswalden war eng Schülerin vum Anton Bruckner a mat nëmmen 18 Joer gëtt si d'Klassekomerodin vum Gustav Mahler am Wiener Conservatoire. Si ass och déi eenzeg Schülerin vum Bruckner, déi et gepackt huet eng professionell Carrière an der Musek ze maachen.

Eng Komponistin aus dem 19. Jorhonnert

Si krut déi emotional a finanziell Ënnerstetzung vun hirer Famill. Sou kann si onofhängeg Liewen a sech musekalesch ausbilde loossen. Vun der Gesellschaft gëtt si als Fra awer net komplett eescht geholl. Virun allem hir Lieder sinn an de Wiener Salons gesongen ginn. Mee si hat Schwiregkeeten, Plazen ze fannen déi hir grouss Orchesterwierker spille wollten. Niewent hirer Kammermusek, huet si och nach Operen a Sinfonie komponéiert, fir eng Fra aus där Zäit definitiv eppes außergewéinleches. Obwuel si aus enger streng kathoulescher Famill koum an selwer immens gleeweg war, huet si offen mat hirer Liewenspartnerin zesummegelieft. 

Oliver Triendl entdeckt a Vergiessenheet gerode Musek

Den däitsche Pianist Oliver Triendl ass bekannt fir seng Opnamen vu Komponisten a Komponistinnen déi onbekannt sinn oder a Vergiessenheet gerode sinn. Virun allem sinn dat zäitgenësseg Kompositiounen, oder aus der Romantik. Bis elo huet hien iwwer 100 Alben opgeholl an dobäi ass hien dacks deen éischten, deen déi Wierker iwwerhaapt spillt an ophëlt. Dësen Album ass zësumme mat de Solisten aus dem Bayresche Radionsinfonieorchester opgeholl ginn.