Am Virfeld vum G7 Sommet a Kanada

ONGen, dorënner Oxfam, weise sech besuergt wéinst Kierzunge bei Entwécklungshëllef

Virum G7 Sommet iwwermuer a Kanada hunn Oxfam an aner Hëllefsorganisatiounen de G7 hire geplangte Kierzunge vun de Sue fir Entwécklungshëllef kritiséiert. D‘ONGe warnen, datt doduerch Millioune méi Mënsche kéinte stierwen.

auto_stories

1 min

Oxfam Logo | © Bigstock
Oxfam Logo (Foto: Bigstock)

Der ONG Oxfam no hätten déi siwe räichste Länner Aspuerunge vu 44 Milliarden US Dollar fir d‘Entwécklungshëllef geplangt. Dorënner eleng 33 Milliarde manner vun den USA.