No de Walen a kanadescher Provënz: "De Québec verdéngt et, en eegent Land ze sinn"
An der kanadescher Provënz Québec huet de separatistesche Parti Québécois éischte Schätzungen no d‘Wale gewonnen. D‘Partei kéim domat fir d‘éischte Kéier zënter 2014 nees un d‘Muecht an där franséischsproocheger a gréisster kanadescher Provënz.
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Graham Hughes)
Dat kéint eng Erausfuerderung fir de kanadesche Premier Mark Carney ginn.
Onofhängegkeetsreferendum versprach
De Parti Québécois huet versprach, am Fall vun enger Walvictoire een neien Onofhängegkeetsreferendum a Québec ofzehalen.
Hire Chef Paul Saint-Pierre Plamondon sot no der Annonce vun den éischte Walresultater zu Montréal: De Québec hätt et verdéngt, e Land ze sinn.