No PISA-Etüd

Elterevereenegung äntwert dem Minister: Jidderee misst Verantwortung iwwerhuelen

No de schlechte Resultater aus der PISA-Etüd hat den Educatiounsminister Claude Meisch och d'Elteren an d'Flicht geholl. D'Carla Carvalho, Presidentin vun der nationaler Elterevertriedung, ass am 100,7-Interview averstanen. Mee och déi aner Acteure misste Responsabilitéit iwwerhuelen.

auto_stories

5 min

headphones

12 min

D'Carla Carvalho  | © Ana Angel play_arrow
D'Carla Carvalho (Foto: Ana Angel)

Gemeinsam misst ee kucken, fir Léisungen ze fannen, fënnt d'Carla Carvalho. Esouwuel d'Elteren, wéi och d'Enseignantë misste Verantwortung iwwerhuelen. An och d'Maison-relaise missten eng méi grouss Roll spillen: Ëmmerhi géifen d'Kanner do ganz vill Zäit verbréngen. 

D'Eltere méi enk begleeden 

Virop awer missten d'Eltere vill besser begleet ginn, mengt d'Carla Carvalho. An dat am beschte preventiv. 

"Et geet net duer ze kucken, wat ee mat de Kanner mécht, wa si ageschoult ginn. Ech mengen, datt do scho villes ze spéit ass. Ech mengen, datt ee wierklech vum éischten Dag un d'Eltere muss begleeden an hirer Roll."

Vill Eltere wiere verluer an hirer Roll a si wéissten och net, wat wichteg wier, fir datt d'Kanner sech gutt entwéckelen. Dat géif ënner anerem un der Flut un Informatioune leien, déi een online fënnt. 

"Esoubal een Zweiwel huet, geet ee Saachen nosichen, an do fënnt een alles an de Contraire. Ech mengen, datt mir vill méi mussen zesumme schwätzen, vill méi Hëllef beim Mënsch direkt musse froen, manner isoléiert musse sinn."

D'Personal an de Schoule verstäerken 

Et géif net duergoen, den Elteren ze soen, si misste méi maachen. 

"Ech mengen, datt et vill méi hëlleft, wann een zesumme Léisunge sicht an d'Leit eeben ënnerstëtzt, do wou ee kann."

Als Beispill nennt d'Carla Carvalho Eltereschoulen a -foren, grad ewéi Pediateren, déi bei der Ënnerstëtzung vun den Elteren eng wichteg Roll kéinte spillen. Bei engem Accouchement géif een och begleet ginn, an eppes Änleches misst et och fir déi Zäit duerno ginn. 

An der Schoul wier eng méiglech Léisung fir d'Carla Carvalho, datt beispillsweis am Cycle 1 méi Schoulpersonal an enger Klass schafft. Domat hätt d'Léierpersonal méi Zäit fir verschidde Saache mat de Kanner opzeschaffen, an awer och méi enk mat den Elteren zesummenzeschaffen. 

D'Maison-relaise méi abannen 

D'Carla Carvalho schafft selwer als Chargé vun enger Maison relais am Süde vum Land. Si fënnt, datt och d'Maison-relaise méi mussen agebonne ginn. Beispillsweis sollt d'Ënnerstëtzung bei den Hausaufgaben iwwer eng reng Surveillance eraus goen.

"Wann ee mierkt, datt e Kand iergendwou net weiderkënnt, datt een him och kann hëllefen. Natierlech ass ee keen Enseignant, mee ënnerstëtzen ass eppes anescht. Wann ee sech mat engem Kand dohinner sëtzt a seet: 'Wat hues du als Hausaufgaben, ech hëllefen dir', ass dat eppes anescht, wéi wann ech soen: 'Du kanns deng Hausaufgaben hei maachen an do ass eng roueg Plaz'." 

Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch huet no de PISA-Resultater ënner anerem ugekënnegt, d'Handyverbuet an de Schoul nach weider auszebauen. Fir d'Carla Carvalho ass dat begréissenswäert. Virun allem am Schoulhaff sollten d'Kanner spillen a laachen amplaz um Smartphone ze sinn.

ALPHA: Nach vill Froen op 

Ugeschwat op de Projet ALPHA, also d'Méiglechkeet vun dëser Rentrée un, op Franséisch alphabetiséiert ze ginn, seet d'Presidentin vun der nationaler Elterevertriedung, datt nach e ganze Koup Froen op wieren.

"Well awer ganz vill Leit e bëssen Angscht virun deem ALPHA-Projet hunn, well si villes an näischt héieren hunn. Ech mengen, datt mir nach wierklech vill Informatiounen awer brauchen." 

Bei der Decisioun, op wéi eng Sprooch ee säi Kand soll aschoulen, sollt ee virop dem Léierpersonal nolauschteren, seet nach d'Carla Carvalho, Invitée vum Dag am Moiesstudio.

Lauschterenplay_arrow