24 Gittaresäite gläichzäiteg héieren? Dat ass méiglech fir "Neptunium". Dat ass e franséische Gittare-Quartett aus der Paräiser Regioun mat véier Frënn déi sech zanter hire Studie kennen. Den 8. August spillen déi véier e Concert de Midi an der Villa Vauban. Op der Affiche sti vill verschidde Komponisten a Stiler. Et geet vu Rameau a Berlioz bis Dvořák a Vivaldi. Dat besonnescht ass awer net nëmmen de stilistesche Mix, mee och de Fait datt d'Museker d'Arrangementer ëmmer selwer schreiwen.
D'Sarah Walin, ee vun de véier Memberen, verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi - ënnert anerem vu wou de Numm "Neptunium" hierkënnt.