Tokio

Neien Accord tëschent den USA a Japan soll Sécherheetsallianz stäerken

D‘USA a Japan wëllen hir Sécherheetsallianz weider verstäerken. Dat geet aus engem gemeinsamen Treffen tëschent dem US-President Donald Trump an der neier japanescher Premierministesch Sanae Takaichi ervir. Zu Tokio hu si en entspriechenden gemeinsamen Accord ënnerschriwwen.

auto_stories

1 min

© EPA/KIYOSHI OTA / BLOOMBERG POOL
(Foto: EPA/KIYOSHI OTA / BLOOMBERG POOL)

Japan wier och prett, säi Bäitrag fir Fridden a Stabilitéit ze leeschten, huet et nach vun der japanescher Premierministesch nom Treffe geheescht.

Den Donald Trump huet Japan dofir gelueft, déi militäresch Kapazitéiten däitlech ze erhéijen.