Resonanzen

Éiner Wënzerdag // Stephany Ortega Trio // Hannert den Téin Nr. 7

Eng musikalesch Liesung, bei där een Text aus dem 4. Joerhonnert am Mëttelpunkt steet, den Album "Adiós Nonino" vum Stephany Ortega Trio an eng nei Episod vum Podcast Hannert den Téin.

auto_stories

2 min

headphones

56 min

play_arrow

Musikalesch Liesung um Éiner Wënzerdag

“Mosella” ass e Gedicht iwwert d'Musel, geschriwwe vum réimeschen Dichter Decimius Magnus Ausonius. Deen hat sech schonn deemools am 4. Joerhonnert mat Tréier a Lëtzebuerg gutt auskannt. Den Dënschde 15. Juli krut deen historeschen Text zu Éinen en neit Liewen an enger Liesung vum Lex Roth, mat passender Musek gespillt vum Ensemble Vocal Sainte Cécile. Dat am Kader vum Éiner Wënzerdag, en traditionelle Rendez-vous fir de kulturellen Ierf vum Duerf ze éieren Wéi d'Anne Berna vum Ensemble Vocal Sainte Cécile verréit, ass de Grupp grouss verankert zu Éinen. Déi musikalesch Liesung ass organiséiert vum Joseph Groben, deen eng grouss Passioun fir d'Miseler Regioun huet. Si zwee verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi.

Stephany Ortega Trio

Et ass insgesamt déi zweet Produktioun fir den neie Label "Luxembourg Classics", déi mam Album "Adiós Nonino" vum Stephany Ortega Trio erausbruecht gëtt. Een Disk, deen emotiounsgeluedenen Tango mat mysteriéise Kläng a liewege Rhythme verbënnt. D'Stephany Ortega ass zanter Joren an der Lëtzebuerger Musekszeen établéiert an a verschiddenste Genren doheem. Elo bréngt si dann zesumme mam Akkordeonspiller Christophe Delporte an den Adrien Tyberghein um Kontrabass, Musek vum Astor Piazzolla op CD eraus. Ee bekannte Bandoneon-Spiller, deen haut als Matbegrënner vum argentineschen Tango zielt. "Adiós Nonino" ass als eng Zort Hommage un den Astor Piazzolla ze verstoen. Mam Ënnerscheed, dass de Stephany Ortega Trio d'Musek aus de 60er Joren, nei a vill méi modern interpretéiert. Ee musikaleschen Triell tëscht Instrument a Gesang, dee vun emotionale bis hin zu geheimnisvolle Passagen, vill Klangfaarwen ofdeckt an domat zu eisem Klassik Album vun der Woch mécht. Eis ganz Kritik zum Album, déi de Christophe Mirkes a Lex Kauffmann a Resonanzen presentéieren, kënnt dir elo hei nolauschteren!

Hannert den Téin - Sandrine Cantoreggi

De virtuose Klang vun der Gei ass eis duerch de groussen a klassesche Repertoire bekannt. Op virun engem Orchester oder méi intim bei der Kammermusek, d'Gei gëtt gäre ganz villsäiteg agesat. Wéi se an der Neier Musek vun haut ka kléngen, erkläert d'Geiistin Sandrine Cantoreggi an dësem neien Episod vum Podcast Hannert den Téin.

Lauschterenplay_arrow