De Marek Dutkiewicz ass Museker an Cellist beim Ensembel Musica Senza Frontiere. Eng Formatioun aus 6-7 Musekerinnen a Museker, déi sech a verschiddene Constellatioune bei Concerten zesummendoen a barock oder klassesch Musek interpretéieren. Ma de Museksgoût ass gären och ee gutt Stéck méi modern.
Wichteg ass dem Ensembel wéi den Numm et scho verréit, keng Grenzen ze berücksichtegen a verschidde Kulturen esou openeen treffen ze loossen.
Wéi eng Projeten de Museker besonnesch um Häerz läit a fir wéi eng Wäerter Musica Senza Frontiere steet, doriwwer schwätzt de Marek Dutkiewicz am Gespréich.